D’Fraktioun vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei sicht
e parlamentaresche Mataarbechter (M/F).
- Journalistesch Erfarung ass eng gutt Viraussetzung.
- Fléissend Schreiwe vu Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ass e Minimum, all weider Sprooch ass e Virdeel.
- Gutt Wëssen iwwer Politik, besonnesch sozialpolitesch Froen, a Versteesdemech fir d’Funktionéiere vun eisen demokrateschen Institutioune sinn erwënscht.