Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf logo

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Address
10, rue Hermann GmeinerL-7534 MerschLuxembourg
Phone number
+352 32 90 03-1

D’SOS-Kannerduerf Lëtzebuerg besteet zënter 1968 : Am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht sti Kanner, déi aus oft ganz ënnerschiddleche Grënn net kënne bei hirer Famill liewen, esou wéi och Kanner an Elteren a schwierege familiäre Situatiounen. Mir setzen eis dofir an, Kanner a Jugendlech e stabilt Doheem ze ginn, wou si verlässlech Bezéiungen erliewen an traumatesch Erliefnisser kënnen iwwerwannen.


Mir engagéieren eis laangfristeg, fir Kanner a Jugendlech an alle wichtege Beräicher vun hirer Entwécklung, sief dat gesondheetlech, schoulesch, oder perséinlech, dat mat op de Wee ze ginn wat si fir en zefriddent, selbststännegt, a sozial gutt intégréiert Liewe brauchen.

Am ganze betreie mir ongeféier 120 Kanner a Jugendlech Dag an Nuecht a Kannerduerf-Familljen, esouwéi och a Kanner- a Jugendwunngruppen. Ausserdeem begleede mir ongeféier 280 Kanner a Familljen a verschiddenen ambulante Projeten.