Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
10, rue Hermann Gmeiner
L-7534 Mersch
Luxemburg
Tel: +352 32 90 03-1
Fax: +352 32 99 40

D’SOS-Kannerduerf Lëtzebuerg besteet zënter 1968 : Am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht sti Kanner, déi aus oft ganz ënnerschiddleche Grënn net kënne bei hirer Famill liewen, esou wéi och Kanner an Elteren a schwierege familiäre Situatiounen. Mir setzen eis dofir an, Kanner a Jugendlech e stabilt Doheem ze ginn, wou si verlässlech Bezéiungen erliewen an traumatesch Erliefnisser kënnen iwwerwannen.


Mir engagéieren eis laangfristeg, fir Kanner a Jugendlech an alle wichtege Beräicher vun hirer Entwécklung, sief dat gesondheetlech, schoulesch, oder perséinlech, dat mat op de Wee ze ginn wat si fir en zefriddent, selbststännegt, a sozial gutt intégréiert Liewe brauchen.

Am ganze betreie mir ongeféier 120 Kanner a Jugendlech Dag an Nuecht a Kannerduerf-Familljen, esouwéi och a Kanner- a Jugendwunngruppen. Ausserdeem begleede mir ongeféier 280 Kanner a Familljen a verschiddenen ambulante Projeten.


Empfohlen

Un éducateur diplômé (m/f/x)

Caritas Jeunes & Familles

1 Employé Administratif et 1 Edu ...

Inter-Actions

en Educateur diplômé (m / w / d) ...

Ligue HMC a.s.b.l.

1 Chargé de direction (m/f/x)

Caritas Jeunes & Familles

Un éducateur diplômé (m/f/x)

Caritas Jeunes & Familles

1 Psycholog (m/f/n) / 1 Educateu ...

Op der Schock a.s.b.l. et s.c.

Een Chargé de direction/Responsable

Fiissercher ASBL

1 diploméierten Erzéier (m/w)

Comité National de défense ...

1 éducateur diplômé (m/f/x) / 2 ...

Caritas Luxembourg

Un(e) éducateur/trice diplômé(e)

Crèche Am Beienhaischen

En Educateur Gradué (m/w) 100% Tâche Chef de groupe vum Familljestäerkungsdéngscht

Mat méi wéi 190 Mataarbechter, déi wärend dem ganze Joer iwwer 440 Kanner, Jugendlecher a Familljen encadréieren, ass d’Kannerduerf en zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner a Jugendhëllef


D‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf

sicht


En Educateur Gradué (m/w) 100% Tâche

Chef de groupe vum Familljestäerkungsdéngscht

Haaptaufgaben

  • Leedung vum Team vum Familljestäerkungsdéngscht
  • Ambulant Begleedung vu Familljen a schwierege Liewenssituatiounen
  • Ëmsetzung vun den Konditiounen déi an der Convention cadre festgehal sinn ;
  • Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifenden konzeptuelle Grondlagen
  • Asaz fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung vun de begleete Familljen
  • Gestioun vum Joresbudget an Erstellung vum Budget prévisionnel
  • Gestioun vun der Auslaaschtung vun de Mataarbechter a vun den Disponibilitéite vum Service ;
  • Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher , Supervisiounen
  • Zesummenaarbecht mat der „ Chargée de direction prestations ambulatoires

Äre Profil:

  • En unerkannten Diplom oder eng Equivalenz
  • Sproochen : Lëtzebuergesch , Franséisch , Däitsch
  • Führerschäin
  • Freed un der Verantwortung , staarken Team( leedungs geescht , Leedungskompetenzen
  • Kloert Engagement, de spezifeschen Aarbechtsoptrag vun dësem Service ëmzesetzen a qualitativ weider ze entwéckelen
  • Gudde Stress a Krisemanagement , esouwuel fir sech perséinlech wéi och mam Bléck op d’Team
  • Eng Zousazausbildung am Beräich Traumapädagogik an/oder Systemik ass vu Virdeel , eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung
  • Disponibilitéit vir variabel Aarbechtszäiten

Wat mir bidden

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht mat engem dynameschen Team
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT SAS
So bewerben Sie sich:

Wann Dir interesséiert sidd schéckt Är schrëftlech Bewerbung Liewenslaf mat Foto Motivatiounsbréif Kopie vum Diplom Casier judiciaire nn°3 nn°4 a nn°5 mat der respektiver Referenz bis den 10 Juli 2022 un

jobs@kannerduerf.lulu Weider Informatiounen iwwert d’Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf fannt Dir op

www.kannerduerf.lu

Branchen: Vereine & Ehrenamtlich
Jobkategorien:
  • Erzieher
Vertragsart: Unbefristet
Dauer: Vollzeit