Op der Schock a.s.b.l et s.c. stellt an:
1 Psycholog (m/f/n), CDI 20 St./Woch fir eise Service Berodung a Suivi zu Réiden
Missioun:
- Psychologesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Ënnerstëtzung ginn an schwieregen Situatiounen
- Zesummenschaffen an engem multidisziplinären Team (Austausch, Concertatioun, Coordinatioun..)
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfarung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
Horaire : Nomëttes vun 14h-18h
CDI
Salaire a Konditioune vum CCT SAS
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Een Extrait (3,4 a 5) aus dem Casier judiciaire gëtt gefrot
Een Landschaftsgärtner (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Atelier protégé zu Réiden
Missioun:
- Leedung vun engem Grupp am Beräich vun der Landschaftsgäertnerei:
o Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung Aarbechten am Beräich vun der duerchféieren, Encadrement vum Grupp
o Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten,
o Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung
o Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
- Kontakt mat Klient’en, virbereeden vun Devis’en an Rechnungen
- Organisatioun vun den Aarbechten
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Landschaftsgärtner (DAP oder equivalent), Meeschterprüfung a Berufserfahrung si vu Virdeel
- Fundéiert Planzekentnisser; Kentnisser am Uléen an Ënerhalt vun naturnoe Gäert
- Gudd kierperlech Fitness
- Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen,
- Loscht an engem Team ze schaffen
- Humor a Léisungsorientéiert Schaffen
- PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- CDI
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B an BE
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
1 Educateur diplômé/Aide socio-familial (m/f/n), CDI 30-40St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg
Missioun:
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
- Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier/ Aide-soignant/ ASF
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen :
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
So bewerben Sie sich:
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren
Tel: 00352 26 62 18 81
E-Mail un: recrutement@ods.lu