Kannervilla Boermereng
17, rue Jos Kayser
5675 Burmerange
Luxemburg
Tel: 26 66 55 96

Konzept - Pädagogesch Aarbecht

Déi pädagogësch Fachkräften lueden Iech zu engem regelméissegen Austausch an, vir esou en vertrauenvollt Verhältnis entstoen ze loossen.D’Kanner gin individuell an hirem Selbstständegkeetsdrang ënnerstetzt.Lieweg Dokumentatiounen iwer d‘Bildungsprozesser vun Kandsbeen un loossen Iech un der Entwécklung vun Ärem Kand deelhuelen.Well déi meescht Kanner an der Crèche schwätzen léieren, gët groussen Wërt op d’Entwécklung vun der lëtzebuergescher Sprooch geluecht.Duerch vill Erfarungen am Fräien erliewen d’Kanner d’Schéinheet vun der Natur an léieren verantwortlech mat hir ëmzegoën an se ze schätzen.Ët as vill Plaz vir Kreativitéit, wéi och fir kulturell an joëreszäitenbedéngt Traditiounen an Aktivitéiten.D’Raumkonzept as esou konzipéiert, datt zugläich Gebuergenheet an och den néidegen Fräiraum fir déi individuell Entwécklung gebueden gët.


Empfohlen

Assistant Emploi et Compétences ...

CIGL Differdange a.s.b.l.

INFIRMIER OU INFIRMIER PSYCHIATR ...

Liewen Dobaussen asbl

1 Educateur (m/f) / 1 Aide-soign ...

Op Der Schock a.s.b.l.

Des assistants sociaux (m/f) et ...

Accueil et Solidarité a.s.b.l.

Un éducateur gradué/assistant social

Aarbechtshëllef asbl

Un éducateur diplômé (m/f) ou un ...

Administration communale d ...

1 responsable d’atelier artisana ...

ATP a.s.b.l.

Plusieurs Postes

Association Luxembourgeois ...

Plusieurs Postes (M/F/D)

Croix-Rouge luxembourgeoise

een EDUCATEUR DIPLOME (m/f)

Piwitsch asbl

een Educateur diplômé (m/f) oder een Auxiliaire de vie (m/f)

D’Kannervilla Boermereng sicht zur Verstäerkung fir säi Kannergrupp vun 2 bis 4 Joer ab März 2021 oder no Ofsprooch

 

een Educateur diplômé (m/f) fir 30 - 40 St/Woch mat CDI oder

een Auxiliaire de vie (m/f) fir 30 - 40 St/Woch mat CDI


Äre Profil:

  • En unerkannten Diplom oder eng Equivalence mat der Autorisation d’exercer hunn
  • Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F)
  • Berufserfahrung am Crècheberäich ass vu Virdeel
  • Teamgeescht, Engagement a Freed um Beruf hunn
  • Eng gesond Aarbechtsastellung hunn
  • Flexibel sinn an de Schaffzäiten
  • Führerschäin B an perséinlechen Auto hunn

Mir bidden:

  • Eng kleng an familiär Struktur
  • En engagéiert an kompetent Team
  • E gudd Aarbechtsklima mat fairen Aarbechtskonditiounen
  • Ee Gehalt, je no Erfahrung, däitlech iwert dem qualifizéierten Mindestloun

 


So bewerben Sie sich:

D'Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV mat Foto a Kopie vum unerkannten Diplom oder Equivalence / Autorisation d’exercer kënne geschéckt ginn op:

kannervilla@kannervilla.lu

oder

Kannervilla Boermereng S.àr.l.

Mme Goeres Tamara

17, rue Jos Kayser

L-5675 Burmerange

 

Branchen: Vereine & Ehrenamtlich
Jobkategorien:
  • Soziale Dienste
  • Erzieher
Vertragsart: Unbefristet
Dauer: Vollzeit