Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
10, rue Hermann Gmeiner
L-7534 Mersch
Lëtzebuerg
Tel: +352 32 90 03-1
Fax: +352 32 99 40

D’SOS-Kannerduerf Lëtzebuerg besteet zënter 1968 : Am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht sti Kanner, déi aus oft ganz ënnerschiddleche Grënn net kënne bei hirer Famill liewen, esou wéi och Kanner an Elteren a schwierege familiäre Situatiounen. Mir setzen eis dofir an, Kanner a Jugendlech e stabilt Doheem ze ginn, wou si verlässlech Bezéiungen erliewen an traumatesch Erliefnisser kënnen iwwerwannen.


Mir engagéieren eis laangfristeg, fir Kanner a Jugendlech an alle wichtege Beräicher vun hirer Entwécklung, sief dat gesondheetlech, schoulesch, oder perséinlech, dat mat op de Wee ze ginn wat si fir en zefriddent, selbststännegt, a sozial gutt intégréiert Liewe brauchen.

Am ganze betreie mir ongeféier 100 Kanner a Jugendlech Dag an Nuecht a Kannerduerf-Familljen, esouwéi och a Kanner- a Jugendwunngruppen. Ausserdeem begleede mir ongeféier 200 Kanner a Familljen a verschiddenen ambulante Projeten.


recommandéiert

2 employés administratifs (m/f)

Association Luxembourgeois ...

Deux assistants sociaux (m/f) / ...

Agence Immobilière Sociale

Administrative Mataarbechter (m/f)

Fondation Lëtzebuerger Kan ...

Un assistant administratif et re ...

Crèche "L`Enfant Roi s.àr.l."

Artisan polyvalent (m/f)

OGBL - Onofhängege Gewerks ...

Directeur m/f

Société Confidentielle

Salarié administratif (m/f) à te ...

Fondation Autisme Luxembourg

Sekretär(in)/Réceptionnist(in) C ...

Parquet Bembé Sàrl

Plusieurs Postes (m/f)

Verbandskescht

Employé de bureau (m/f)

Hospilux S.A.

Administrativen Mataarbechter m/f, CDI, 100 % / Administrativen Mataarbechter m/f, CDI, 75 %

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf

stellt an :

  • 1 administrativen Mataarbechter m/f, CDI, 100 % Tâche, Chiffer : Admin 1,0
  • 1 administrativen Mataarbechter m/f, CDI, 75 % Tâche, Chiffer : Admin 0,75

Är Aufgaben :

  • Suivi vun den Stonneplëng an Arbëschtsverträg
  • Zesummenschaffen bei der Féierung vun der deeglecher Comptabilitéit
  • Féiere vun analytescher Comptabilitéit
  • Féiere vun de Keesen vun den Foyeren, Budgetsopstellungen
  • Suivi vun administrativen Dossieren

Äre Profil :

  • Ofschloss : BAC + 2
  • Berufflech Erfahrung vu minimum 5 Joer an der Comptabilitéit
  • Maîtrise vum Excell
  • Kenntnisser am Programm GESALL, APSAL an DSK si vu Virdeel
  • Proaktivt an autonomt Schaffen
  • Fähegkeet komplex Zesummenhäng ze verstoen
  • Teamfähegkeet
  • Exaktheet, grouss Flexibilitéit an Organisatiounssënn
  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch beherrschen

Mir bidden :

  • Usprochsvoll an ofwiesslungsreich Aarbescht
  • Bezuelung an Aarbechtskonditiounen laut SAS-Kollektivvertrag
  • Schaffen an engem agreablen Arbeschtsëmfeld
  • Méiglechkeet u Formatiounen deelzehuelen
Wei kann ech mech bewerben?:

Schrëftlech Demande mat Liewenslaf, Casier judiciaire bulletin n° 3 an 5, an dem Chiffer un:

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
10, rue Hermann Gmeiner
L-7534 Mersch

Aktivitéitssecteur: Associatiounen a Bénévolat
Kategorien:
  • Bürosbeamten
Zort vum Kontrakt: CDI
Dauer: Vollzäit