CNI Les Thermes Strassen-Bertrange
Rue des Thermes
8018 Strassen
Lëtzebuerg
Tel: +352 27 03 00 27

Plongez dans le plaisir

Ob dir alleng, mat Frënn, oder mat der ganzer Famill bei eis kommt - taucht an an de Pleséier a loosst iech vun eisem Choix verzauberen.

Les Thermes steet fir e Liewensgefill. Spillen, a sech ameséieren oder entspanen an d'Rou genéissen op enger ausgefaalener Plaz mat charmante Leit.

Geprägt vun enger perséinlecher Atmosphère a Verbindung mat gefleegter Gaaschtfrëndlechkeet an excellentem Service bedeit fir jiddereen individuell Erhuelung. Dir wäert ganz Feier a Flam sinn.

Sech bei CK Fitness gesond bewegen oder en Zwëschestop bei Escale Beauté aleeën - wou, wann net bei eis kënnt dir alles ënner engem Daach fannen ouni an d'Vakanz ze fueren?

Den interkommunale Syndicat C.N.I. Les Thermes gouf am Joer 2002 gegrënnt. 2004 huet de Projet vun der Architektengemeinschaft Atelier Jim Clemes, Witry & Witry an Hermann & Valentiny et associés de Concours fir de Bau vum Erliewwnis a Wellnesszentrum gewonnen. Mam éischte Spuetstëch, September 2005, huet de Bau vun dësem éiergäizege Projet ugefaangen. De Grondsteen gouf am Juni 2006 geluegt an d’Ouverture vun dëser Anlag, mat iwwer 1000m2 Waasserfläch, huet am Februar 2009 statt fonnt.


recommandéiert

Delivery driver (m/f)

GroupLunch

Assistant administratif (m/f)

Commission de Surveillance ...

eine Sekretärin (m/w) für Teilze ...

Euro-Automation SARL

Secrétaire (m/f)

Etude HANSEN & MULLER

Team Assistant (m/f)

Simon-Kucher & Partners S. ...

Un employé administratif (m/f)

Proactif asbl

secrétaire (m/f)

SIDEC

Secrétaire médicale/Arzthelferin ...

Praxis Dr. Ulrike Engel

Coordinateur Soutien (m/f) - Che ...

CIPA - Gréngewald

Personal Assistant (m/f)

Université du Luxembourg

Assistent/in fir d'Direktioun
Les Thermes steet fir e Liewensgefill: spillen, sech ameséieren, entspanen an d'Rou genéissen, op enger besonnescher Plaz, mat charmante Leit.

Den Syndicat C.N.I. Les Thermes gouf am Joer 2002 vun de Gemengen Bartreng an Stroossen gegrënnt. Méi wéi 2,75 Milliounen Visiteuren hunn sich zënter Februar 2009 vun eiser Waasserwelt verzaubere gelooss.
Les Thermes steet fir e Liewensgefill: spillen, sech ameséieren, entspanen an d‘Rou genéissen, op enger besonnescher Plaz, mat charmante Leit.


Mir sichen, fir esou séier wéi méiglech, een/eng
Assistent/in fir d‘Direktioun
40 Stonnen/Woch (CDI)


Niewent den klasseschen Aufgaben vun dem Direktiounsassistent/in sinn an eisem Service Betrib nach eng Rei spezifesch Ufuerderungen gefrot:

  • Eng oppen an flexibel Perséinlechkeet, prett fir néi Erausfuerderungen,
  • Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch a gären och Englesch, geschwat a geschriwwen,
  • Professionell am Ëmgang mat eisen Clienten,
  • Aarbechtszäiten och zu deene Momenter wou die aner fräi hunn,
  • Regelméisseg Asätz als “Supervisor” – verantwortlech fir den perfekten Oflaf vum Betrib.

Wann Dir bereet sidd des Erausfuerderungen unzehuelen, dat ganzt an engem aussergewéinlechen Kader, dann freeën mir eis iwwer Är Kandidatur mat Liewenslaf.

www.lesthermes.net

Wei kann ech mech bewerben?:

Schéckt Är Demande per Post un d' Mme Kleiber
CNI Les Thermes, Rue des Thermes, L-8018 Strassen

oder E-Mail info@lesthermes.net


Aktivitéitssecteur: Sport a Fräizäit
Kategorien:
  • Assistent vun der Directioun
  • Assistent / Sekretär
  • Receptioun
Niveau vum Posten: Mat Erfahrung ( net Manager )
Zort vum Kontrakt: CDI
Dauer: Vollzäit